Skip to content

Eise Walprogramm 2023-2029

Nidderaanwen zesumme virubréngen

Biergerno – solidaresch – zukunftsorientéiert

Dëse Walprogramm skizzéiert d’Entwécklung vun eiser Gemeng fir d’Zukunft. Et ass de Programm, mat deem d’Weiche gestallt gi bis 2050. E geet also iwwert déi nächst Legislaturperiod eraus a weist de Wee, deen eis Gemeng aschloe soll. D’Iddie si sécher net alleguer an enger Legislaturperiod ze realiséieren, mee mir wëlle ganz transparent eise Bléck an d’Zukunft duerleeën. Mir brauchen als Gemeng eng staark, laangfristeg politesch Visioun mat enger dynamescher a kompetenter Ekipp, déi zukunftsrelevant Iddien ëmsetze kann. Mam #Team2023 huet d’CSV Nidderaanwen sech laang am Viraus opgestallt, wat eis erméiglecht huet eis optimal op déi ustoend Erausfuerderunge virzebereeden. Eis Iddien hu mir a Workshops, bei eisem Tour duerch d’Gemeng a mat eise Memberen a Matbierger zesummen diskutéiert an ausgeschafft. Dëst Dokument soll e liewegt Dokument sinn, dat de Kader fir di nächst Joren ass a gläichzäiteg Plaz léisst fir Reaktiounen op nei politesch Erausfuerderungen.

Fir eis erginn sech 3 grouss Ziler fir déi nächst 6 Joer mat insgesamt 12 Prioritéiten:

.1. Biergerorientéiert Offer ausbauen

  • Eng optimal Ubannung un d’Gesondheetsdéngschtleeschtunge fir all Matbierger: Centre médical, Präventioun, Beweegung, Noutfallservicer
  • Commerces de proximité am Déngscht vun eise Matbierger: Centre commercial, Restauranten, lokal Butteker a Betriber
  • Kommunikatioun an Interaktioun mat alle Matbierger aus eiser Gemeng wärend der ganzer Legislaturperiod
  • D’Sécherheet virun der Hausdier vun alle Matbierger garantéieren

.2. Solidarescht Zesummeliewe fërderen

.3. Weiche fir d’Zukunft stellen

  • E komplette Mobilitéitsplang fir eis Gemeng mat direkter Ubannung un den Tram a Verkéiersberouegungsmoossnamen an eisen Dierfer
  • Modern Infrastrukture fir de Besoine vu muer gerecht ze ginn
  • D’Energiewend an eiser Gemeng konsequent ugoe mat engem solidareschen Engagement an der Kooperatiounspolitik
  • Natierleche Liewensraum an eiser Gemeng erhalen

________________________________________

.1. Biergerorientéiert Offer ausbauen

  • Eng optimal Ubannung un d’Gesondheetsdéngschtleeschtunge fir all Matbierger: Centre médical, Präventioun, Beweegung, Noutfallservicer

Absolut Prioritéit huet fir eis de Bau vun engem Centre médical (Gemeinschaftspraxis vu méi Generalisten an e puer Spezialisten) um Site vum fréiere Policekommissariat nieft der Gemeng, wou Bierger vun all Alter séier gehollef kréien. Mir wäerten och Gespréicher féieren fir d’Apdikt op dësem Site ënnerzebréngen an et esou z’erméiglechen d’Servicer ronderëm d’Gesondheet op enger Plaz an ënnert moderne Konditiounen ofzedecken.

Nieft der medezinescher Versuergung, wäerte mir verstäerkt op Präventioun setzen, mat Campagnen zum Thema Gesondheet, duerch Informatiounswochen (z.B. zu mentaler Gesondheet, Suchtpreventioun, alternativer Medezin, Beweegung…) awer och duerch konkret Aktiounen déi d’Hygiène an d’Gesondheet an eiser Gemeng méi visibel maachen. Sief et duerch Éischt-Hëllef-Coursen (klassesch a fir déi mental Gesondheet) souwéi den Ëmgang mat Defibrillatoren an Zesummenaarbecht mam CGDIS, an och duerch ganz konkret Aktiounen (z.B. gratis Hygiènesproduiten op den ëffentlechen Toiletten, Wéckeldëscher fir Puppelcher op Fraen- a Männertoiletten, Gesond Produiten an den Automaten, …).

Mir wäerte mat eisem Coordinateur sportif an Zesummenaarbecht mat de Veräiner ee komplette Beweegungsprogramm “Niedz2move” ausschaffe mat Aktivitéite fir all Alter. Fir d’Kanner z.B. Sportswochen oder Olympiaden ënnert der Form vu Mini-Niederanven encadréiert duerch Studenten. Fir Erwuessener z.B. Virbereedung op Laf- a Vëloscourssen (Marathon, Schleck Gran Fondo, …), an och fir d’Senioren sou wéi fir déi ganz Kleng soll d’Sportsoffer erweidert ginn. Mir wäerten dofir suergen datt e Fitnesszenter an eiser Gemeng sech kann etabléieren a mir wäerten e klengen Turnsall schafen andeem Coursë wéi Yoga, Aerobic etc. kënnen ugebuede ginn.

Am Noutfall muss kompetent Hëllef esou séier wéi méiglech op der Plaz sinn. Dofir wäerte mir de Volet “First Responder” vun eise Pompjeeë beschtméiglech ënnerstëtzen an de Bau vun enger interkommunaler Pompjeeskasär zesumme mat der Gemeng Schëtter realiséieren.

  • Commerces de proximité am Déngscht vun eise Matbierger: Centre commercial, Restauranten, lokal Butteker a Betriber

Och wann de Centre commercial “Les Arcades” eenzeg a Privathand vun e puer Proprietären ass, wëlle mir aktiv dozou bäidroen, datt dëse Site moderniséiert gëtt. Mir wäerten d’Viraussetzung am PAG schafen, fir esou Drock ze maachen datt op dësem Site méi Plaz fir Commerces de proximité entsteet an och zousätzlech Wunnengen (Appartementer fir jonk an eeler Leit) andeems déi aktuell Parkingsflächen ënnerierdesch wäerten organiséiert ginn. Mir wäerten alles maache fir datt dëse Parkraum och weider gratis fir ëffentlech Manifestatioune genotzt ka ginn an esou de Parkraum eng optimal Auslaaschtung wäert hunn. Dëst erméiglecht eis net nëmme Wunnraum matzen am Zentrum vun der Gemeng ze schafen mee anengems nei Commerces de proximité unzezéien déi haut feelen (z.B. Fitness, Sportsbuttek, Kleeder- oder Schongbuttek, Blummebuttek, Biobuttek, Snack/Take away, Pop-up oder Concept store, …). Och Servicer wéi d’Post oder Banke sollen esou an eiser Gemeng kënne bleiwen.

Et ass eis wichteg, datt déi besteeënd Butteker wärend der ganzer Phas vum Ëmbau kënne weider funktionéieren (z.B. mat modulare Strukturen).

Mir wäerten als Gemeng offréieren dëse Projet aktiv ze begleeden, well et sech ëm den Zentrum vun eiser Gemeng handelt, an et wichteg ass dësen esou z’entwéckelen, datt en alle Bierger ze gutt kënnt.

Zu Lëtzebuerg entsteet Integratioun an Zesummeliewen oft och bei Iessen an Drénken. Mir wäerten dofir suergen, datt eisen Horescasektor weider diversifizéiert gëtt, andeems mir Offere schafen déi haut an eiser Gemeng net vollstänneg ofgedeckt ginn:

No dem Ofkafe vum Staat vum Restaurant Waldhaff wäerte mir dëse moderniséieren an zu engem gesellschaftlechen Treffpunkt fir Frënn vun der Natur an der Lëtzebuergescher Kiche maachen.

Beim intergenerationelle Wunnprojet an der rue Laach wäerte mir e Café littéraire opmaachen deen de ganzen Dag iwwer zougänglech ass fir all Generatiounen.

De fréiere Bauerenhaff nieft der Spillplaz zu Iernster wäerte mir moderniséieren an ausbauen an un en Atelier protégé (Ligue HMC) verloune fir do Uebst- a Geméisubau ze bedreiwen. Dës lokal Produktioun wäert an enger Epicerie um Site verkaf ginn an et soll eng Méiglechkeet ginn op der Plaz eppes Klenges z’iessen an ze drénken.

Am Summer wäerte mir e Kiosk beim Skate Park bedreiwen (z.B. mat Gedrénks, Glacen, …). Hei gesi mir e Projet (z.B. am Kader vun enger Mini-Entreprise oder engem Innovation camp) bei deem Jugendlecher selwer matagebonne ginn an och hire Besoine Rechnung gedroe gëtt.

Mir wäerten an eiser Gemeng Plazen definéieren op deene sech Foodtrucken opstelle kënnen, fir esou d’Duerfliewen ze revitaliséieren an d’Offer u Restauratioun weider ze diversifizéieren.

Well mir als Gemeng gedeckelt si wat d’Einname vun der Gewënnsteier op de Betriber ugeet, wëlle mir éischter kleng a mëttelstänneg Betriber a Commercen unzéien, déi eng Offer ofdecken déi eis Matbierger brauche fir esou d’Liewensqualitéit an eiser Gemeng weider ze verbesseren.

Duerch innovativ Konzepter (wéi z.B. a Kombinatioun mat engem Atelier protégé) wëlle mir kleng Epicerien an eis Gemeng kréie fir esou z’erméigleche verschidden Akeef och ouni Auto ze tätegen.

Mir wäerten als Gemeng der Plattform Letzshop bäitrieden fir esou dem lokale Commerce ze hëllefen och verstäerkt digital aktiv kënnen ze sinn.

  • Kommunikatioun an Interaktioun mat alle Matbierger aus eiser Gemeng wärend der ganzer Legislaturperiod

Duerch d’Astelle vun engem Responsabel fir Kommunikatioun wäerte mir dës konsequent ausbauen, fir datt d’Informatiounen op verschiddene Weeër bei de Matbierger ukommen. Als alleréischt wäerte mir e grouss ugeluechte Sondage organiséiere fir déi genee Besoine vun eise Matbierger erauszefannen. Mir wäerte verstäerkt mat klenge Videoe schaffe fir op eng modern Aart a Weis d’Informatiounen ze diffuséieren.

Mir wäerten eise Gemengen-Internetsite nei gestalte fir dëse méi attraktiv a benotzerfrëndlech ze maachen an et z’erméiglechen d’Informatioune méi séier ze fannen.

Mir wäerten de Choix aféiere fir d’Kommunikatioune vun der Gemeng a gedréckter Form oder digital ze kréien. Fir déi Leit, déi op de Pabeier verzichten a fir jiddereen deen interesséiert ass, wäerte mir eng reegelméisseg Newsletter per Email aféieren.

Mir wäerten eis Gemengen-App méisproocheg ausbauen an och weider Biergerparticipatioun iwwert d’App erméigleche fir esou z.B. gutt Iddie vun eise Matbierger einfach kënnen opzehuelen. Des weidere wëlle mir z.B. e Modüll fir de Covoiturage schafe fir d’Awunner aus eiser Gemeng. De Feedback deen d’Awunner op hir Bäiträg kréien wäerte mir verbesseren an ausbauen. Och den digitale Raider soll iwwert d’App ugebuede ginn.

Mir wäerten d’Participatioun vun all eise Matbierger fërderen, andeems bei all gréissere Projet am Virfeld Biergerworkshops organiséiert ginn. Et soll och méiglech si fir projetsgebonne méi flexibel Aarbechtsgruppen anzesetze bei deenen den Alter an d’Sprooch keen Hindernis däerfe sinn.

Déi berodend Kommissioune wäerte mir opwäerten, andeems jeeweils 2 Beamte fir eng Kommissioun zoustänneg sinn déi di ugeduechten Aktiounen hëllefe kënnen ëmzesetzen.

Mir wäerten d’Kanner an déi Jugendlech weiderhin an d’Gemengeliewen abannen (Aarbechtsgrupp Niedz4kidz) an duerch en änleche Grupp (Niedz4seniors) och eng Plattform opsetzen fir all Servicer ronderëm d’Senioren ze koordinéieren. Duerch d’Schafe vun engem Generatiounsbeoptraagte fir d’Gemeng, wäerte mir dës Servicer ëmmer weider ausbauen. Fir d’Kanner an déi Jugendlech wäerte mir am Kader vu Niedz4kidz e Kannerbüro aféieren deen de Kanner a Jugendlechen mat Rot an Dot zur Säit steet. Och an der Maison Relais sollen d’Kanner iwwert eng kloer Prozedur Feedback kënne ginn an nach méi matbestëmmen. Déi bestoend Kommunikatiounsplattform tëscht den Acteuren ronderëm d’Maison Relais wäerte mir zu enger méi reegelméisseger Commission paritaire ausbauen bei där all Trimester en Austausch soll stattfannen tëscht Schoul, Maison Relais, Elteren a Gemeng.

D’Méiglechkeet vun esou Aarbechtsgruppe wäerte mir och an anere Beräicher ëmsetzen.

Mir wäerte reegelméisseg Biergerconsultatioune mam Buergermeeschter erméiglechen. Dëst souwuel physesch am Gemengenhaus wärend Permanencen, wéi och online, fir esou all Matbierger en direkte Kontakt zur Spëtzt vun der Gemeng z’erméiglechen.

De Gemengebudget wäerte mir transparent op eisem Internetsite verëffentlechen an och d’Participatioun vun de Bierger beim opstelle vu verschiddene Positiounen vum Budget erméiglechen.

An enker Zesummenaarbecht mat de lokale Betriber wäerte mir eis Matbierger verstäerkt mat hinnen a Kontakt setzen (z.B. Beruffsinformatiounsowender fir Jonker, eng Visibilitéit fir déi lokal Betriber op der Internetsäit vun der Gemeng, eng lokal Jobbourse, Foire fir lokal Betriber…).

Mir wäerten eng Digitaliséierungsstrategie fir eis Gemeng ausschaffen. Dëst bedeit, datt mir all Service och zousätzlech digital wäerten ubidden. Dee gewinnte Service bleift natierlech bestoen, mee e gëtt ausgebaut an zousätzlech wäert all Bierger ganz einfach d’Méiglechkeet kréien seng Demarchen online ze maachen (z.B. wäert een, pro Mount gekuckt, säin aktuelle Waasserverbrauch oder d’Gewiicht vu senger Poubelle kënnen noverfollegen). Dës Digitaliséierungsstrategie wäert et och erméiglechen de Pabeier konsequent ze reduzéieren.

Fir Leit, déi digital nach net esou fit sinn, wäerte mir verstäerkt Coursë proposéieren an eng Ënnerstëtzung ubidde fir op konkret technesch Froen z’äntweren a bei der Bedéngung vun digitalen Apparater ze hëllefen (z.B. a Form vu Permanencen).

  • D’Sécherheet virun der Hausdier vun alle Matbierger garantéieren

Mir wäerten an Zesummenaarbecht mat der Police Sensibiliséierungscampagnen duerchféiere fir esou d’Unzuel un Abréch an eiser Gemeng ze reduzéieren.

Duerch den Neibau vum regionale Policekommissariat op der Tréierer Strooss wäerte mir och eng verstäerkte Presenz vun der Police op eisem Territoire sécherstellen. Mir wäerten fir dëst Kommissariat déi néideg Personalressourcë fuerderen fir der Police et z’erlaben vill méi present um Terrain ze sinn.

Mir wäerten d’Méiglechkeet promouvéiere fir op geséchertem Wee der Police kënne matzedeelen, wann ee länger Zäit net doheem ass, fir esou eng verstäerkt Policepresenz an dëse Stroossen z’assuréieren.

D’Kompetenze vun eise Pecherten wäerte weider ausgebaut ginn an duerch d’Astelle vun engem weideren Agent wäert dëse Service och eng verstäerkte Presenz owes an de Weekend kënnen ubidden. Doduerch soll och d’Presenz um Terrain verstäerkt ginn an den direkte Kontakt mam Bierger erhéicht ginn.

Op zentrale Plaze wéi z.B. dem Skate Park wäerte mir, fir d’Sécherheet z’erhéijen an de Vandalismus ze reduzéieren, eng Kameraiwwerwaachung aféieren a wann néideg, d’Presenz vu Sécherheetsdéngschter undenken. Mir wëllen och zesumme mat der Police diskutéieren op ee Kameraen op den Haaptverkéiersachse kann installéieren fir am Fall vun Abréch verdächteg Deplacementer kënnen nozeverfollegen.

Mir wäerten eis bei der Police dofir staark maachen, datt reegelméisseg Radarkontrollen an eiser Gemeng organiséiert gi fir esou de Verkéier an eiser Gemeng méi sécher ze maachen.

An eiser Gemeng wunnen och vill Hausdéieren. Fir hir Sécherheet ze verbesseren, wäerte mir an Zesummenaarbecht mam lokalen Déiereschutzveräin eng Zentral Ulafstell schafe fir d’Déiere vermësst ze mellen oder fir sech ze melle falls een en Déier fonnt huet.

.2. Solidarescht Zesummeliewe fërderen

  • Jonken an eelere Leit erméiglechen an eiser Gemeng wunnen ze bleiwen

Fir jonk Leit ass et haut quasi onméiglech an eiser Gemeng wunnen ze bleiwen. Eng aner Zilgrupp fir déi et schwiereg ass sech nei z’orientéieren, sinn d’Senioren, deenen hiert Haus ze grouss gëtt.

Mir wäerten e Service Logement abordable opbaue fir esou eise Matbierger (Jonker, Senioren a sozial schwaach Famillen) op der Sich no enger adequater Wunneng ze hëllefen. D’Offer un abordabele Wunnengen wäert ganz transparent permanent um Internetsite vun der Gemeng visibel sinn.

Fir Jonker wäerte mir bezuelbare Wunnraum schafen an dobäi och op nei Wunnformen zeréckgräifen (z.B. Tiny Houses/kleng Wunnengen, modular Wunnengen oder Projete fir Jugendwunnengen, respektiv Gemeinschaftswunnengen) an dëst no ekologesche Bauprinzipien.

Zesumme mat dem Ministère an den ëffentleche Bauträger, wäerte mir innovativ Projeten ausschaffen a verstäerkt all Zorte vu kooperativer Wunnform ënnerstëtze fir esou Wunnraum unzebidden, deen net un e renge Kapitalopbau gekoppelt si muss. Mir wëllen zousätzlech préiwen, wéi mir als Gemeng jonke Leit déi hei an der Gemeng grouss gi sinn, et erméigleche kënne weiderhin hei ze wunnen (z.B. Location-vente wou Jonker zu engem gënschtege Loyer lounen an en Deel direkt op d’Säit geluecht gëtt fir esou Eegekapital opzebauen a spéiderhin e Prêt fir de Kaf vun der selwechter Wunneng ophuelen ze kënnen). Mir wäerten als Gemeng weider selwer aktiv am Wunnengsbau sinn an och Initiative lancéiere fir d’Spuerkultur erëm ze stäerken.

Ganz konkret wäerte mir déi nächst Legislaturperiod minimum 38 Wunnenge fir Jonker schafen (8 Appartementer an 8 Haiser am Baugebitt Pelgert esou wéi 22 Wunnengen an der rue Laach).

Mëttelfristeg, wäert eis Gemeng am Kader vun zwee gréissere PAP’en ronn 250 abordabel Wunnenge kënne bauen a verschiddene Phasen. Esou ass d’Offer un abordabelem Wunnraum bis 2050 ofgedeckt a pro Legislaturperiod kënnen da ronn 75 Wunnenge fir Jonker an eiser Gemeng ugebuede ginn.

Fir Senioren ass en éischte Projet amgaange mat 16 Seniorewunnengen an der rue Laach. Dëst gëtt en intergenerationelle Quartier mat Wunnenge fir jonk Famillen a Senioren nieft engem moderniséierten ale Bauerenhaff, an deem e Café littéraire opgemaach gëtt wou de ganzen Dag iwwer Iessen a Gedrénks ugebuede gëtt. Dëse Café littéraire soll fir all Alter attraktiv sinn. D’Kulturhaus wäert och Workshops fir all Alter an dëse Raimlechkeete kënnen ubidden an et soll d’Méiglechkeet bestoe fir zesummen ze kommen, ze musizéieren an/oder Konscht ze maachen. Des Weidere wäerten hei Raimlechkeete fir de Club 50 Plus an de Club Senior entstoe fir esou d’Servicer ronderëm d’Senioren ze regruppéieren. Ënnert dem Daach wäerten och Büroe fir Start-ups mat Coworking spaces ugebuede ginn.

Dës Seniorewunnenge ginn allerdéngs bei wäitem net duer. Dofir wäerte mir nieft dem CIPA zousätzlech Seniorewunnenge schafe matzen am Zentrum a ganz no beim lokale Commerce. Esou soll och e spéideren Iwwergang an de CIPA erliichtert ginn. Och am Senioreberäich wäerte mir kooperativ Wunnformen ënnerstëtzen.

Hannert dem neie Policekommissariat wäerte mir och mëttelfristeg e multigenerationelle Wunnprojet realiséieren.

An eiser Gemeng feele méi kleng Wunnengen, souwuel fir Jonker wéi fir Senioren. Ouni dës Appartementer kënne mir déi uewe genannte Prioritéiten net ëmsetzen. Op zentrale Plaze wéi z.B. beim Centre commercial, wäerte mir dofir méi dicht baue fir esou kleng Wunnenge kënnen unzebidden. Dofir musse mir eise Bebauungsplang punktuell adaptéieren. Mir wäerten de Bauvolume net erhéije mee just erlaben, datt et méiglech ass méi Unitéiten an deem selwechte Volume unzebidden, fir datt esou och méi kleng Appartementer kënne gebaut ginn. An de bestoende Wunnquartiere wäert allerdéngs d’Struktur bäibehale gi fir esou de Charakter vun dëse Citéen z’erhalen. D’Méiglechkeet déi säit 2016 besteet fir dës Haiser ënnert Konditiounen zum Beispill zu jumeléierten Haiser ëmzebauen, wäerte mir weider bestoe loossen.

  • Veräiner a Benevolat massiv stäerken

D’Veräiner droen e weesentlechen Deel dozou bäi, datt mir esou eng aktiv Gemeng sinn. Dofir wäerte mir si beschtméiglech bei hiren Aufgaben a bei der steigender Professionaliséierung ënnerstëtzen.

Zesumme mam Coordinateur sportif wäerte mir eng reegelméisseg Plattform vun alle Sportsveräiner an d’Liewe ruffe fir esou d’Situatioun vun de Sportsveräiner permanent z’evaluéieren an nei Aktiounen auszeschaffen.

No dem Beispill vum Coordinateur sportif wäerte mir och de Poste vum Coordinateur culturel et social an d’Liewe ruffe fir de Kultur-, Natur- a soziale Veräiner eng optimal Ënnerstëtzung ze bidden. Dëse Coordinateur wäert och d’Ofstëmmung vum Manifestatiounskalenner a sengen Aufgabeberäicher hu fir esou sécherzestellen datt net ze vill Manifestatiounen op deem selwechten Dag stattfannen. En erweiderten digitalen Manifestatiounskalenner mat sämtleche Manifestatiounen aus der Gemeng soll hei och weiderhëllefen.

E groussen Deel vum Opwand vun de Veräiner si sécherlech déi administrativ Demarchen. Mir wäerten als Gemeng eng Hëllefsstellung ginn andeems mir z.B. digital Plattforme subsidéieren déi dës Demarchen (z.B. d’Gestioun vun de Memberen, d’Gestioun vun de Finanzen, …) vereinfachen. Och d’Méiglechkeet fir iwwert e Cloud-System de Veräiner informatesch Infrastrukturen zur Verfügung ze stellen, wëlle mir aféieren.

Grad bei deene Veräiner wou déi administrativ Tâchen oft iwwerhand huelen, wäerte mir als Gemeng e Subsid aféieren deen e Forfait vu Käschten iwwerhëlt, falls e Veräin eng administrativ Kraaft astellt fir déi administrativ Demarchen ze bewältegen.

D’Jugendbetreiung an de Veräiner soll weider professionaliséiert ginn esou wéi dëst och vum Staat promouvéiert gëtt. Fir de klammende Käschte Rechnung ze droen, wäerte mir déi kommunal Subventiounen an dësem Zesummenhang konsequent erhéijen.

D’Integratioun vun alle Matbierger wäert weider ënnerstëtzt ginn, well d’Veräiner e ganz staarke Vecteur si fir eng optimal Integratioun vun alle Matbierger ze garantéieren.

Vill vun eise kulturelle Veräiner hu virun allem mat Nowuessprobleemer ze kämpfen. Mir wäerten als Gemeng zesumme mat dëse Veräiner e Programm “We NIED you” opstelle fir nei Memberen ze gewannen. A well et virun allem bei de Sportsveräiner u Benevolle feelt, wäerte mir am Kader vum Programm “We NIED you” eng Rekrutéierungscampagne lancéieren. Zousätzlech wäerte mir eng Ënnerstëtzung gi fir den digitalen Optrëtt vun dëse Veräiner.

Fir d’Wäertschätzung vum Benevolat a fir d’Zesummenaarbecht tëscht de Veräiner ze promouvéieren, wäerte mir all Joer eng Soirée du Benevolat organiséieren an e “Mérite du bénévolat” aféieren.

Fir insgesamt de Benevolat an eiser Gemeng auszebauen, wäerte mir zesumme mat der Agence du Benevolat eng lokal Agence du Benevolat opbauen, wou Veräiner oder aner Institutiounen (wéi z.B. de CIPA oder d’Syrdall Heem) kënnen Demanden eragi fir benevole Ënnerstëtzung ze kréien, an op der anerer Säit, Leit sech melle kënne fir sech benevole z’engagéieren (punktuell oder reegelméisseg). An sou engem Fall wäert dann e Contrat de bénévolat gemaach gi wou béid Säite Gewënner sinn. Grad am drëtten Alter kéint de Benevolat e Moyen si fir den Iwwergank vum beruffleche Liewen an d’Pensioun ze vereinfachen.

Mir wäerten och d’Kommunikatioun ronderëm de Benevolat verstäerke fir esou Rekrutéierungscampagnen ze starten, datt Matbierger sech lokal engagéiere kënnen.

  • All Form vu friddlechem Zesummeliewen aktiv ënnerstëtze fir eng Gemeng an där d’Solidaritéit am Alldag gelieft gëtt

Mat engem Pakt vum Zesummeliewe wäerte mir sämtlech Aspekter vum Zesummeliewen an eiser Gemeng opgräifen.

Mir wäerten d’Zesummeliewe verstäerkt an de Fokus setzen andeems mir méi Momenter schafe wou d’Matbierger kënnen zesummekommen.

Duerch d’Schafen an dem Ausbau vun engem Eltereforum wäerte mir jonk Famille stäerken a Coursen (z.B. vun der Initiativ Liewensufank oder der Eltereschoul) ubidden oder einfach Momenter organiséiere fir ënner jonken Elteren zesummenzekommen.

Als Gemeng wäerte mir eisen Engagement fir den Accueil vu Flüchtlingen ausbauen andeems mir Wunnstrukturen ubidden an d’Integratioun vun dëse Mënschen duerch Parrainagë fërderen. Zesumme mat der Sozialhëllef wäerte mir d’Sammelstell fir Kleeder an aner Artikele weider ausbaue fir sämtlech Famillen déi dëst brauchen.

Fir nei Awunner wäerte mir eng Broschür erausbréngen, déi all wichteg Informatioune regruppéiert an och digital permanent aktuell gehale gëtt.

D’Aktioun Sunday brunch wäerte mir ausbaue fir esou alle Matbierger et z’erlabe reegelméisseg zesummenzekommen.

Nieft dem Konzept vum Sproochecafé wäerte mir e Parrainage linguistique aféieren an Ambassadeure fir déi nei Awunner sichen, fir dës optimal an eist Gemengeliewen anzebannen.

Mir wäerten och reegelméisseg e Second hand Maart / Vide grenier organiséiere mat zousätzlech engem Velosoccasiounsmaart.

Fir déi international Gemeinschaft an eiser Gemeng verstäerkt anzebannen, wäerte mir en autonomen Aarbechtsgrupp fir den Douzelage (eis 27 Partnerstied an der europäescher Unioun) grënnen, fir esou d’Kontakter mat eise Partnerstied konsequent auszebauen. Och méiglech Partenariater mat net EU-Länner wëlle mir ausbauen. Mir wäerten eng App entwéckele fir den Douzelage méi bekannt ze maachen an de Leit aus eiser Gemeng et z’erméigleche mat Bierger aus anere Partnergemengen a Kontakt ze kommen. Och Insider-Reestipps oder Universitéite fir Jonker kéinten hei z.B. promouvéiert ginn. D’Zil ass et den Douzelage nei ze beliewen andeems d’Bierger vun all deene Gemenge vereinfacht a Kontakt kënnen trieden.

Mir wäerten eng richteg Bildungslandschaft mat verschiddenen Acteuren opbaue vun der Crèche bis zu der liewenslaanger Formatioun duerch eng erweidert Notzung vum Centre de formation an duerch d’Schafe vun enger gemeinsam notzbarer Struktur an der Natur (Outdoorkids Niederanven).

  • Nei Begéinungsplaze schafe fir d’Duerfliewen ze dynamiséieren

Fir d’Zesummeliewen optimal ze gestalte brauche mir Plazen wou een zesumme ka kommen. En éischte Projet an deem Sënn vun der Duerfplaz Senneng ass amgaangen.

Mir wäerten no engem änleche Modell den Duerfkär zu Iernster nei entwerfen an duerch eng Ëmgestaltung vun der rue principale zu Rammeldang/Hueschtert, respektiv vun der route de Trèves zu Nidderaanwen, wëlle mir erëm méi Openthaltsqualitéit an dës Dierfer bréngen.

Um Sennengerbierg wäerte mir, andeems d’Awunner mat agebonne ginn, de Stroossesystem an der Cité Gromscheed zeréckbaue fir och hei méi Openthaltsqualitéit z’erméiglechen.

Mir wäerten eng Festplaz direkt nieft dem Centre de loisirs Am Sand gestalten, wou alleguer d’Manifestatioune vun der Gemeng wäerte stattfannen. Dës Plaz wäert op engem groussen Deel vum Parking beim Centre de loisirs entstoe fir esou anengems d’Sécherheet ronderëm d’Schoul an déi ëffentlech Infrastrukturen z’erhéijen. Op der Héicht vun der Schwämm wäerte mir e Parkhaus ubidde mat direktem Accès zum CIPA, Syrdall Heem, der Piscine, zum Loisi an zu de Seniorewunnengen déi nieft dem CIPA vun eis initiéiert wäerte ginn. Dëse Parking wäert komplett mat enger Photovoltaikanlag ekipéiert gi fir esou och d’Parkplaze fir Elektroautoen auszestatten. Mir wëllen e System ausschaffen fir déi Matbierger aus der Gemeng ze subventionéieren, déi hiren Auto an dësem Parkhaus uschléisse fir esou sécherzestellen, datt ee mat direkt lokal produzéierter Energie zum selwechten Tarif den Auto opluede ka wéi doheem.

Och ëffentlech Sportsinfrastrukturen wéi e weidere Multisportterrain, Streetballterrain, Pumptrack (Buckelpiste fir de Vëlo) etc. wäerten an eisen Dierfer entstoen, fir esou d’Beweegung z’ënnerstëtzen awer och dat spontaant Zesummekommen tëschent Noperen.

Fir Hondsbesëtzer et z’erméiglechen zesummen ze kommen an et hiren Hënn z’erlabe Kontakt mat aneren Hënn ze kréien, wäerte mir eng Hondsspillplaz schafen.

Mir wäerten och den ëffentleche Raum weider attraktiv gestalten a verstäerkt op innovativ Projete vun alternativer Kultur wéi Urban/Street Art (Konscht am ëffentleche Raum)zeréckgräifen.

Hannert dem CIPA wäerte mir en intergenerationelle Park schafen an de Park beim Kulturhaus wäerte mir virun allem am Summer méi staark notzen.

Mir wäerten am Kader vum Programm Wifi4EU de fräien ëffentleche Wifi ausbauen an Hotspots op zentrale Plazen ariichten. De besteeënde Wifi-Reseau an de Gemengegebaier wäert verbessert ginn.

.3. Weiche fir d’Zukunft stellen

  • E komplette Mobilitéitsplang fir eis Gemeng mat direkter Ubannung un den Tram a Verkéiersberouegungsmoossnamen an eisen Dierfer

Eis Gemeng, a besonnesch de Sennengerbierg an de Raum ronderëm de Flughafen, sinn amgaangen sech drastesch ze veränneren. Duerch d’Arrivée vum Tram um Heienhaff an um Flughafe wäert d’Organisatioun vum ëffentlechen Transport an eiser Gemeng erëm iwwerschafft musse ginn.

Eis Prioritéit ass et sécherzestellen, datt eis Matbierger Gewënner vun dësen Ännerunge sinn, andeems een aus all Duerf esou séier an direkt wéi méiglech op de Pôle d’échange Heienhaff kënnt. Dëst betrëfft virun allem d’Duerf Senneng, dat momentan schonn net méi gutt un den ëffentlechen Transport ugeschloss ass. Duerch Live-Informatiounen iwwert aktuell Fuerzäiten, Retard’en etc., wäerte mir besser iwwert den ëffentlechen Transport kommunizéieren an esou dëse méi attraktiv maachen.

Mir wäerten aktualiséiert strategesch Kaarte fuerderen déi d’Lärmbelästegunge souwuel vum ëmgeännerte Pôle d’échange wéi och vun den ëmgeännerte Flugrouten objektiv analyséieren.

De regionale Ruffbus Syrdall wäerte mir ausbauen an e weidere Bus finanzéieren, fir esou besser der steigender Demande kënne gerecht ze ginn. Zousätzlech zum Telefon wäert et méiglech sinn direkt iwwert eng App d’Disponibilitéiten ze gesinn an ze buchen.

Fir Deeler vun eisen Dierfer déi net laanscht eng direkt Buslinn leie besser un den ëffentlechen Transport unzeschléissen, wëlle mir d’Iddi vun autonome Busser teste fir si esou un d’Haaptverkéiersachse kënnen unzeschléissen. Mir wäerten d’Méiglechkeet vun enger Ringbuslinn innerhalb vun eiser Gemeng ëmsetzen.

Mir wäerte weiderhin de VELOH-System an eiser Gemeng ausbauen, fir et esou aus all Duerf z’erméigleche mam Vëlo kuerz Distanzen ze hannerleeën awer och fir en einfachen Uschloss un aner Buslinnen ze kréien. Des Weidere wäerte mir d’Verbindung vun dësem System mat de Nopeschgemengen ënnerstëtze fir esou souwuel zu Rued-Sir wéi zu Mënsbech un den Zuchreseau kënnen ugeschloss ze ginn.

Prioritéit huet fir eis de Réckbau vun der N1 zu Nidderaanwen fir esou eiser Haaptuertschaft erëm e flotten Duerfcharakter ze ginn an dem Foussgänger a Vëlosfuerer méi, a virun allem e méi sécheren, Raum ze bidden. Laanscht en neie Centre commercial wäerte mir e séchere Fouss-a Vëloswee bis an de Sand uleeën.

Änlech wäerte mir d’rue du Grünewald zeréckbauen an anengems eng direkt Fouss- a Vëlosverbindung op de Fussballsterrain an op de nationale Vëloswee schafen.

D’rue Laach an d’rue Andethana wäerte mir verkéiersberouegend gestalten a wa méiglech de Vëlo integréieren.

Zu Rammeldang, Hueschtert an Ueweraanwen wäerte mir sécher Fouss- a Vëlosverbindunge schafen an innovativ Iddien (wéi z.B. déi vun engem Vëloslift) iwwerpréiwen, fir esou d’Topographie an eiser Gemeng z’iwwerbrécken.

Insgesamt wäerte mir de Vëlo verstäerkt als Transportmëttel promouvéieren an esou 10 Kilometer weider Vëlosweeër bauen.

Mir wäerten op strategesche Plazen mBoxen installéiere fir sécher kënnen e Vëlo ofzestellen an da mam Bus virun ze fueren.

Mir wäerten eng Zone 30 fir d’ganzt Duerf Senneng ëmsetzen andeems mir d’rue du château ëmgestalten an anengems méi Gréngs integréieren. Vitesse 30 wäert souwäit wéi méiglech an eiser Gemeng ëmgesat ginn a mir wäerten aktiv un de Staat eruntriede fir dëst och op Staatsstroossen ëmzesetzen.

De Parking résidentiel wäerte mir iwwerdenken an e flächendeckend Konzept ausschaffe bei deem eis Matbierger Prioritéit beim ëffentleche Parkraum an der Gemeng kréien an anengems zentral Parkingen op 3 Stonne limitéiert bleiwen, fir esou virun allem Restauranten a Commercen et z’erméiglechen, datt Clientë sech hei kënne parken ouni datt dës Parkplazen de ganzen Dag beluecht sinn.

Wann zousätzleche Parkraum entsteet, soll dee gesammelt organiséiert ginn, respektiv ënnerierdesch. Mir wäerten och de Carsharing staark promouvéieren a weider Elektrobornen op eisem Territoire installéieren.

  • Modern Infrastrukture fir de Besoine vu muer gerecht ze ginn

Eng modern Gemeng brauch modern Infrastrukturen. Prioritéit huet fir eis e moderne Ressourcenzenter (amplaz Recyclingszenter) bei deem de Second hand Volet ausgebaut gëtt an am Kader vun engem Repair shop gebrauchte Géigestänn erëm funktiounsfäeg gemaach ginn, fir dann zu engem gënschtegen Tarif ugebuede kënnen ze ginn.

Mir wäerten den Ausbau vun de Schoulinfrastrukturen realiséieren. Fir déi Kleng wäerte mir een integréiert Gebai bauen, dat vu Schoul a Maison Relais gemeinsam genotzt gëtt.

Crècheplazen wëlle mir dezentral an eiser Gemeng ausbauen. Nieft dem Scoutschalet um Sennengerbierg wäerte mir eng Bëschcrèche baue fir esou eng zousätzlech Offer u Kannerbetreiung kënnen unzebidden.

De Centre de loisirs “Loisi” Am Sand, deen de Kär vun eisem Gemengeliewen duerstellt, wäert nei opgeriicht ginn, no den haitege Standarden am Beräich Ëmwelt a mat innovative Konzepter fir eng maximal Photovoltaikbeleeung sécherzestellen. Dëse Projet wäert a Koherenz mat där nei ze schafender Festplaz entwéckelt ginn a mat dem Pompjeesbau verbonne ginn.

Fir d’Sportsveräiner wäerte mir och d’Infrastrukturen ausbaue fir et hinnen z’erméiglechen de Besoine vun de nächste Jore gerecht ze ginn. Dëst geschitt duerch den Ausbau vum Tennis, vum Fussball souwéi vun der Sportshal Am Sand. Eist Zil ass et fir d’Kanner déi an der Grondschoul sinn, sämtlech Sportsofferen Am Sand kënnen unzebidde fir esou Transporter vun der Maison Relais aus ze reduzéieren.

Och eis Museksschoul wäerte mir ausbaue fir esou der steigender Nofro Rechnung ze droen an nei Méiglechkeeten ze schafen zum Beispill fir d’Léieren vu moderner Musek.

An deem Kader wäerte mir och baussen eng Boulderanlag (Kloteren op engem niddrege Block ouni Sécherung) installéiere fir de Leit déi gäre kloteren och eng Méiglechkeet ze ginn ouni Sécherung dësem Sport nozekommen.

An der Piscine wäerte mir d’Méiglechkeet vun engem zousätzleche klenge Becken an d’Ae faassen fir datt d’Offer u Coursë kann erhéicht ginn an esou eng komplett Offer u Schwammcoursë fir all Alter kann ugebuede ginn. Mir wäerten och d’Méiglechkeet vun enger Naturschwämm analyséieren.

Mir wäerten eng Etude iwwert d’zukünfteg Besoine fir de CIPA an Optrag gi fir esou sécherzestellen, datt genuch Zëmmeren zur Verfügung stinn.

Den ale Waassertuerm um Sennengerbierg wäerte mir moderniséieren a notzbar maache fir Iwwernuechtungen an esou en touristeschen Unzéiungspunkt an eiser Gemeng schafen. Virun allem den aktiven (Vëlos)-Tourismus wäert hei direkt un der nationaler Vëlospiste ënnerstëtzt ginn.

Mir brauchen eng nei Waasserleitung fir op de Flughafen esou wéi en eegestännegen Waasserbehälter um Flughafen fir esou d’Waasserversuergung um Sennengerbierg weider optimal ze garantéieren.

Och den Ausbau vun der Kläranlag zu Iwwersiren ass dringend noutwenneg fir enger wuessender Bevëlkerung kënne Rechnung ze droen.

Zesumme mat dem nationalen Netzbedreiwer wäerte mir och de Stroumreseau kontrolléieren a sécherstellen, datt de Besoin fir d’Zukunft hei an der Gemeng ofgedeckt gëtt.

D’Kierfechter zu Senneng an zu Iernster wäerte mir no dem Modell vum Hueschterter Kierfecht moderniséieren. Mir wäerten och préiwen fir en eegenen Bëschkierfecht opzemaachen.

Nodeems mir Am Sand eng zentral Festplaz amenagéiert hunn, an Alternative fonnt hu fir eise Gäertner- a Waasserdéngscht ausserhalb vum Wunngebitt z’installéieren, wäerte mir nieft der Gemeng eng Plaz schafen wou eng dynamesch a flott Gemengenentwécklung kann encadréiert ginn. Mir kënnen eis hei attraktive Wunnraum mat Brasserie am Park, Crèche a Seniorewunnenge virstellen. Och d’Néierloossung vun enger klenger Jugendherberg wäerte mir préiwen, fir esou jonke Leit eng gënschteg Iwwernuechtungsméiglechkeet an eiser Gemeng unzebidden. Mat der Kombinatioun vun enger Indoorspillplaz oder souguer Keelebunn respektiv Bowling, kéint een eng weider Méiglechkeet ubidde fir de gesellschaftlechen Treffpunkt ze fërderen.

Fir den Zentrum Am Sand wäerte mir e kompletten Masterplang opstelle fir esou d’Entwécklung z’antizipéieren a sécherzestellen, datt déi néideg Plaz fir ëffentlech Infrastrukturen zur Verfügung steet (Schoul, Maison Relais, Sportsinfrastrukturen, Museksschoul, Centre culturel, CIPA, Syrdall Heem, Seniorewunnengen, …).

  • D’Energiewend an eiser Gemeng konsequent ugoe mat engem solidareschen Engagement an der Kooperatiounspolitik

Fir 2030 ass eist Zil 100% vum Verbrauch vun de private Stéit klimaneutral hierzestellen. Dofir wäerte mir e massive Photovoltaikpak initiéieren an d’Installatioun vun enger Wandkraaftanlag grëndlech préiwen. Eng Wandkraaftanlag produzéiert Stroum fir 2500 Stéit, wat aktuell eiser ganzer Gemeng entsprécht. Dowéinst schéngt et eis derwäert fir dës Méiglechkeet ganz konkret z’analyséieren. D’Bierger wäerten hei vun Ufank u matagebonne ginn a falls eng Anlag kéint realiséiert ginn, soll dës och als Kooperativ kënne funktionéieren vun de Bierger. Falls keng Méiglechkeet an eiser Gemeng besteet, déi wäit genuch vu besteeënden Haiser an Naturschutzzonen ewech ass, wëlle mir kucken op mir an engem Wandpark kënne participéieren a mir wëlle méi kleng lokal Wandanlagen zum Beispill op Gemengendiecher préiwen.

Nei Haiser an nei Betriber wäerten obligatoresch mat Photovoltaik um Daach gebaut ginn. Bestoend Betriber wäerte mir beschtméiglech berode fir och hei eng Maximalnotzung vun den Daachfläche fir Photovoltaik z’erreechen. Mir wäerten d’Subventiounen fir Photovoltaikanlagen geneesou wéi aner energeetesch Subventiounen erhéijen.

D’Daachflächen déi mir der regionaler Energiekooperativ zur Verfügung stellen, wäerte mir ausbauen (z.B. de kompletten Daach vum CIPA oder vun der Piscine) an zesumme mat der Energiekooperativ ausstatten. Hei wäerten och all d’Matbierger an d’Famillen aus dem CIPA d’Méiglechkeet kréien der Kooperativ bäizetrieden.

Längerfristeg ass et eist Zil fir méi Energie op eisem Territoire hierzestelle wéi mir der verbrauchen. Nëmmen esou kënne mir global klimaneutral ginn. Virun allem Länner op der Südhalschent brauchen hei eis Solidaritéit. Nieft eise bestoende Kooperatiounsprojeten am Ruanda an am Niger, wäerte mir och Energieprojeten an der Kooperatioun ausbauen.

Fir d’Gemengegebaier wäerte mir en ambitiéisen Sanéierungspak virleeën.

Mir wäerten eng Austauschplattform ubidde fir Geräter an aner Artikelen auszeléinen an ze deelen amplaz datt jidderee se kafe muss. Bei dëser Offer wäerte mir och lokal Betriber abannen. Och d’Méiglechkeet fir z.B. eng Remorque ze léine wäerte mir aféieren.

Den enormen Challenge mam Klimawandel packe mir nëmme wa jidderee mat upéckt. Dofir wäerte mir all Joer e kommunale Klimaforum ofhalen a konkret Pistë festhalen déi gemeinsam ëmgesat ginn.

Mir wäerten en intelligenten an digitale Managementsystem opbaue fir eis Gemengegebaier ze verwalten an esou zäitno sämtlech Energieverbräich kontrolléieren a steieren ze kënnen. All Bierger wäert och d’Méiglechkeet kréien dës Verbräich ëffentlech op eisem Internetsite kënnen unzekucken.

Nodeems scho sämtlech Gemengestroossen op LED ëmgestallt goufen, wäerte mir a Neibaugebidder op intelligent Beliichtungssystemer zeréckgräife fir esou nach manner Stroum ze verbrauchen. An de bestoende Wunngebidder wäerte mir duerch d’Dimmen, respektiv punktuellt Ausschalte vun den LED Luuchten an der Nuecht, nach weider Aspuerunge realiséieren.

All Gemengeprojet wäerte mir duerch e Klimacheck préiwen éier e gestëmmt gëtt a mir wäerten och zousätzlech iwwerpréiwen op de Projet 100% barrièrefräi ass.

  • Natierleche Liewensraum an eiser Gemeng erhalen

Eise Klima ass am Wandel a mir mussen eis schonn haut de Changementer upassen. Nieft engem Klimaupassungskonzept wäerte mir awer och konsequent de Naturpakt ëmsetze fir méi Liewensqualitéit an eis Dierfer ze kréien.

De Mënsch an déi mënschlech Gesondheet huet fir eis Virrang. Andeems mir eis Natur erhalen, maache mir och eppes Guddes fir eis Gesondheet. De Naturschutz soll weider ënnerstëtzt ginn, sou datt d’Natur a Mënsch a respektvollem Aklang stinn.

An Zesummenaarbecht mat der biologescher Statioun vum SIAS wäerte mir d’Berodung an d’Interventioun bei Harespelsnäschter ausbauen.

D’Natur gëtt d’Méiglechkeet sech z’erhuelen an dofir wäerte mir eis Wanderweeër an der Gemeng komplett iwwerschaffen. Och d’Kanner wäerten duerch interaktiv a flott Weeër d’Natur schätze léieren. An eise Bëscher wäerte mir offiziell Moutainbikeweeër ausweisen.

Dee lokalen Uebst- a Geméisubau wäert promouvéiert gi fir esou kënnen de lokale Besoinen nozekommen. Och d’Uleeë vun engem Gemeinschaftsbongert wäerte mir realiséieren.

Agrarflächen déi der Gemeng gehéieren, wäerte mir zum Deel fir innovativ Projeten notzen (wéi z.B. Permakultur, Agroforstwirtschaft, Biolandwirtschaft, ….).

Mir wäerten eisen Maart ausbauen an am Wanter duerch eng Iwwerdeckung méi attraktiv maachen. Dëse kéint dann op der neier Festplaz Am Sand stattfannen.

D’Drénkwaasser aus eegene Quelle wäerte mir ausbaue fir esou méi onofhängeg kënnen ze ginn. D’Notzung vum Drénkwaasser amplaz vun ofgefëllte Fläsche wäerte mir konsequent weiderdreiwen.

D’Renaturéierung vu Baachen an d’Uleeë vun engem natierlechen Erhuelungspark Am Sand an engem intergenerationelle Park hannert dem CIPA wäerten esouwuel der Natur wéi eise Matbierger ze gutt kommen.

Mir wäerte weider Renaturéierungsprojeten ugoen fir esou Iwwerschwemmungen z’evitéieren bei ëmmer méi heefegem staarke Reen.

D’Evenementer vun der Gemeng an de Veräiner wäerten ënnert de Critèrë vu “Green Events“ stattfannen a mir wäerten en Aktiounsplang géint Liichtverschmotzung opstellen.

D’Mülltrennung, virun allem a Méifamilljenhaiser, wäerte mir konsequent ugoen. Zousätzlech wäerte mir d’Aféiere vun enger wäisser Poubelle fir d’Valorlux analyséieren.

Mir wäerten an eiser Gemeng e Plang opstelle fir ënnerorts 100 Beem pro Joer ze planzen (op Spillplazen, Duerfplazen, laanscht d’Stroossen,…) fir esou Gréngs an eisen Dierfer ze behalen an anengems déi extrem Temperaturen am Summer kënnen ze reduzéieren.

Ofschléissend Bemierkung zu der Finanzéierung

Déi nächst Legislaturperiod verlaangt en héijen Investitiounsniveau fir eis Gemeng fit ze maache fir d’Zukunft. Mir mussen heibäi op Reserve vun de leschte Joren zeréckgräifen. Bei enger klammender Inflatioun ass dëst och finanziell gesinn déi beschten Optioun fir esou z’evitéieren, datt eis Suen an der Reserv permanent u Wäert verléieren. Vun eiser Reserv vun 73,5 Milliounen Euro verléiere mir also an engem Joer bal 5 Milliounen Euro bei enger Inflatioun vu 7% wa mir näischt maachen.

Mir wäerten en detailléierte Méijoersfinanzplang bis 2030 opstelle fir esou sécherzestellen, datt eis Gemeng och weiderhi stabil Finanze behält. Duerch d’Deckelung vun eisen Einname virun allem am Kontext vun der Besteierung op de Betriber musse mir och aner Méiglechkeete fir Recetten ze generéieren an d’Ae faassen (z.B. Erhéijung vun der Grondsteier vun de Betriber well dës Recette direkt un d’Gemeng geet).

(C) Fotoen: Uli Fielitz