Skip to content

Bilan

Mir hunn e puer Projete fir Iech erausgepickt, déi mir an der aktueller Legislaturperiod realiséiert hunn:

INFRASTRUKTURE FIR GROUSS A KLÉNG

– Energieeffizient Renovatioun vum éischten Deel vun der Grondschoul „Am Sand“
– Neigestaltung vum Schoulhaff
– Moderniséierung vu sämtleche Spillplazen an der Gemeng
– Renovatioun vun de Sanitäranlagen an der Entrée vun der „aler“ Sportshal „Am Sand“
– Erneierung vum syntheetesche Fussballsterrain mat LED Beliichtung um Site vum Stade Jos Becker
– Besser Beliichtung a Sécherheetsupassungen op den Zebrasträifen
– Aféierung vun den 30er Zonen a Verkéiersberouegungen „Am Sand“ an op verschiddene Gemengestroossen
– Aféierung vun engem Facility Management fir eis Gemengegebaier
– Start vum Neibau vum Voirie-Gebai um fréiere Schéissstand um Sennengerbierg
– Bau vun engem neien Drénkwaasserbehälter um Sennengerbierg
– Renovatioun vum Syrdall Heem
– Ausbau vum CIPA (Demenzberäich a Restaurant)
– Baugeneemegung fir een neit Policekommissariat op der route de Trèves
– Ariichte vum Verkéiersgaart fir Vëloen an Zesummenaarbecht mat der Police
– Erweiderung a Reamenagement vun de Kierfechter zu Senneng an Hueschtert

ËMWELT A KLIMA

– Klimapakt 2.0 mat Zertifizéierung vu 65% an Engagement am Naturpakt
– Aféierung vun de gielen (Glas) a bloe (Pabeier) Poubellen esou wéi d‘Erhéijung vun der Frequenz (Pabeier all 2 Wochen a Bio all Woch)
– Ausweidung vun de Valorluxtuten
– Offalltaxe vun der groer Poubelle déi op d’Gewiicht verrechent ginn an dem Prinzip „pollueur-payeur“ Rechnung droen
– Uleeë vun engem Gemeinschaftsgaart „Am Sand“
– Ënnerstëtzung fir d’Grënnung vun enger regionaler Energiekooperativ
– Vëlosweeër Richtung Zentrum „Am Sand“, Rued-Sir a Minsbech
– Aféiere vu 4 Pedibuslinne fir Kanner aus der Grondschoul
– Ariichte vu Lued-Statioune fir Elektroautoen
– Opstelle vun 2 VELOH-Statiounen „Am Sand“ an um Sennengerbierg „Charly-Station“
– Elektresche Ruffbus Syrdall mat Ubannung un d’Spidol vum Kierchbierg
– Erneierung vu Gemengegefierer an deelweis Elektrifizéierung vum Gemengefuerpark
– Neibau vun enger Holzvergasungsanlag fir all Gebaier „Am Sand“ mat Pellets ze hëtzen
– LED-Beliichtung op alle Gemengestroossen
– Aféierung vum regionale Repaircafé
– Installatioun vun ëffentleche Waasserspender a verschiddene Gemengegebaier
– Ausweisung vun ëffentleche Fläche fir Wëllblummewisen (Projet „Color Up Niederanven!“)

INFORMATIOUN A BIERGERBEDEELEGUNG

– Livestream vu Gemengerotssëtzungen
– City-App Niederanven
– Facebook an Instagram-Presenz vun der Gemeng
– Nei visuell Identitéit fir d‘Gemeng
– Niedz4kidz – e Projet wou d’Kanner matdecidéiere wat an der Gemeng geschitt
– Participative Prozess fir de neie Masterplang „Cité jardin“
– Biergerworkshops fir d’Neigestaltung vun der Duerfplaz zu Senneng an zu Iernster
– Schafe vun engem Service médiation
– Astelle vun engem Sportskoordinator
– Erhéijung vun de Veräinssubsiden
– Neiopdeelung vum Service Technique vun der Gemeng an ee Service fir Urbanismus an ee Service fir ëffentlech Gebaier, Ëmwelt a Mobilitéit, an Infrastrukturen
– Astelle vun engem Ëmweltbeoptragten
– Gestioun vun der Covid19-Pandemie, Bongen-Aktioune fir déi lokal Geschäfter a Restauranten z’ënnerstëtzen
– Organisatioun vum Télévie 2022
– Aféiere vun engem regionale Maart pro Mount
– Organisatioun vun enger Porte ouverte am Gemengenhaus

SOZIALES A FAMILL

– Bau vun abordabele Wunnenge bei der Kierch zu Hueschtert an Ariichtung vun Dokter-a Kinépraxen an Zesummenaarbecht mat SNHBM
– Geneemegung vum PAP „Haff Peter“ an der rue Laach mat 42 Wunnengen, dovu 16 Seniorewunnengen a Geneemegung vum fréiere Bauerenhaff Peter fir d‘Ariichte vun engem Café littéraire, Workshops, Start Ups, Versammlungssäll fir Club 50 Plus a Club Senior Syrdall
– Ausschaffe vun engem neie PAP „cité jardin“
– Uschafung vum fréiere Bauerenhaff Feidt zu Iernster fir sozial Zwecker an Zesummenaarbecht mat der Ligue HMC
– Uschafung vum Café Waldhaff fir erëm e Restaurant opzemaachen
– Bau vu Wunnenge mat der SNHBM am Wakelter
– Baugeneemegung vu 4 weidere kommunale Mietwunnengen op Baulücken
– Ariichte vu Wunnenge fir Famillje mam Flüchtlingsstatut
– Hëllefsaktioun a Sammelstell fir Kleeder fir ukrainesch Flüchtlingen (Moien@Niederanven)
– Aféiere vum Sproochecafé
– Neie Gestionnaire fir d’Jugendhaus
– Ausbau vun der Crèche „Am Sand“
– Aféiere vun engem Eltereforum
– Aféiere vum Chrëschtmaart
– Ausschaffe vun engem Projet fir e Centre médical