Skip to content

Bréif vum Spëtzekandidat Fréd Ternes

Léif Matbiergerinnen, Léif Matbierger,

Eist Team vu 6 Fraen a 7 Männer schafft elo schonn iwwert ee Joer intensiv zesumme fir sech optimal op déi kommend Erausfuerderunge virzebereeden.

Esou hate mir Zäit fir e komplette Walprogramm opzestellen, deen op 3 Piliere baséiert – biergerno, solidaresch an zukunftsorientéiert. Eise Walprogramm skizzéiert eis Visioun vun der Entwécklung vun eiser Gemeng an déi geet iwwert déi nächst Legislaturperiod eraus.

Geneesou wéi an de leschte Joren a Joerzéngten, steet d’CSV Nidderaanwen net fir eng kuerzfristeg Politik, mee fir eng Politik déi dWäiche fir dZukunft stellt!

Eis dynamesch a kompetent Ekipp mat ganz ënnerschiddlechen Erfarungen a Kompetenzen a mat engem Altersduerchschnëtt vun 43 Joer, ass bereet sech laangfristeg fir eis Gemeng z’engagéieren. No engem Joer zesummeschaffe kann ee wierklech soen, datt mir en agespilltent Team si mat enger gemeinsamer Visioun fir eis Gemeng, déi mir zesumme mat eise Memberen a Matbierger bei eise Workshoppen ausgeschafft hunn.

Zu dëser Ekipp gehéieren och ech, als Spëtzekandidat. Duerch meng 12-järeg Erfarung als Schäffen, hunn ech mir daat néidegt Wëssen iwwert déi verschidde Facette vun eiser Gemeng ugëeegent.

Ech denken, datt ech zesumme mat menger Ekipp, déi richteg Mëschung matbréngen, bestoend aus Erfarung an awer och Dynamik, Energie an Engagement fir nei Iddien a Projeten unzegoen an et wär mir eng grouss Éier eis Gemeng kënnen ze féieren.

Wann ech Buergermeeschter géing ginn, dann ass dat fir mech e Vollzäit-Job an doduerch datt ech décidéiert hunn am Oktober net mat an d’Chamberwalen ze goen, wäert ech mech also voll a ganz op eis Gemeng kënne konzentréieren.

Dës Aarbecht mécht een awer hautdesdaags net méi eleng: et brauch een eng kompetent Ekipp, eng staark Administratioun a motivéiert Matbierger, Veräiner a Betriber déi bereet si sech z’engagéieren an esou eis Gemeng Nidderaanwen zesumme virunzebréngen.

Wann Dir sécherstelle wëllt, datt eise Programm vun eisem Team kann ëmgesat ginn, da maacht e Sonnden ee Kräiz ganz uewen an de Krees bei d’Lëscht 4 vun der CSV Nidderaanwen.

Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung!

Fir d’Team 2023,

Fréd Ternes

Beitrag deelen