Mat Bedauere musse mir de Récktrëtt vun eiser Gemengeréitin Martine Kremer ép. Dupong aus dem Gemengerot op den 30. September 2026 bekannt ginn. D‘Martine huet dës Decisioun geholl, well sech eng nei berufflech Opportunitéit erginn huet.
Martine, mir wënschen dir alles Guddes a soen dir vu ganzem Häerz Merci fir däin Engagement wärend néng Joer am Gemengerot.
Du hues dech ëmmer mat vill Kompetenz an am Déngscht vum Wuel vun alle Matbiergerinnen a Matbierger agesat.
Déi Nächstgewielt, Marthe Scharfe, kann dat politescht Mandat leider net unhuelen, well sech gläichzäiteg eng berufflech Verännerung erginn huet, déi säi vollt Engagement verlaangt.
D’Marthe bleift eiser Partei awer weiderhin aktiv verbonnen a wäert sech och an Zukunft am Wuel vun de Biergerinnen a Bierger an eiser Gemeng asetzen.
Dofir begréisse mir d’Véronique Kieffer ép. Peffer an eiser Fraktioun.
D’Véro ass 56 Joer al a Mamm vun dräi Kanner. Nieft senge villen Engagementer am Déngscht vum kulturellen, sportlechen a Veräinsliewen ass d’Véro Member vum Conseil d’administration vum Kulturhaus Niederanven.
Mir wënschen dem Véro vill Erfolleg a vill Erfëllung bei der Ausübung vun sengem Mandat als Gemengeréitin an der Gemeng Nidderaanwen.