Den 13. Mäerz huet d’CSV Nidderaanwen hir Assemblée Générale an der aler Schoul zu Hueschtert ofgehalen. Virun engem gutt gefëllte Sall huet de President d’Membere begréisst an duerch den Ordre du Jour vun der Assemblée geféiert.
No dem administrativen Deel hunn eis Éieregäscht d’Elisabeth Margue, Vizepresidentin vun der CSV, d’Natalie Silva, Presidentin vum Bezierk Zentrum, an d’Kandidate vun den Europawahlen, Isabel Wieseler, Martine Kemp an de Stefano d’Agostino hier Vuen iwwert di zukünfteg Erausfuerderungen fir Europa duergestallt.
D’Diskussiounen sinn dono beim offréierte Patt vun der Sektioun Nidderaanwen weider gefouert ginn.
Alles an allem e flotten Owend mat villen interessanten Diskussiounen.